arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng zweet Läich gouf fonnt, warscheinlech de Papp vum 5 Joer ale vermëssten Tyméo

Belsch

|
reading time

1 min

Eng zweet Läich gouf fonnt, warscheinlech de Papp vum 5 Joer ale vermëssten Tyméo

An der Belsch wier an der Affär ronderëm de vermëssten 5 Joer alen Tyméo eng zweet Läich fonnt ginn. Dat confirméiert de Parquet vun Namur. Et wier warscheinlech déi vum Jong sengem Papp, mellt Le Soir.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Anna Ross
(Foto: picture alliance/dpa | Anna Ross)

Zënter de Moien ass ee gréissere Police-Asaz zu Onhaye, bei Namur, amgaangen. Gëschter gouf do eng Kannerläich fonnt. Et kéint et sech dobäi ëm den Tyméo handelen, esou belsch Medien. Et soll elo eng Autopsie vun der Läich gemaach ginn.

Am Moment géif keng Hypothees ausgeschloss ginn, esou de belsche Parquet.

De Jong war, zesumme mat sengem Papp, de 27. Juni verschwonn, wéi se um Wee op d‘Kiermes op Onhaye waren. Hiren Auto gouf um Parking beim Fussballsterrain erëmfonnt.