De Won huet de Prisonéier Mohamed Amra vun engem Geriicht zeréck an e Prisong transportéiert. Bei engem Autobunnspéage ass een Auto an de Fourgon gerannt. Zwee Männer hunn op d‘Giischtercher geschoss. Zwee vun hinne koumen ëm d‘Liewen, dräi goufen der blesséiert. Een ass nach a Liewensgefor.
De Prisonéier Mohamed Amra, dee rezent wéinst engem Abroch verurteelt gi war, ass mat senge Komplize geflücht.
All Moyene géifen agesat ginn, fir si ze fannen, sot de franséische Justizminister Eric Dupond-Moretti.