Och dem Orbán seng Rees a China war net am Viraus annoncéiert ginn. D'lescht Woch war den ungaresche Premier an d'Ukrain an op Moskau gereest, wou hien de russesche President Wladimir Putin begéint huet.
Déi Visitt war vu villen EU-Politiker kritiséiert ginn, well se net mat der EU ofgemaach war.
Ungarn huet zanter Kuerzem d'EU Presidence. Den Orbán selwer schwätzt vun enger "Friddensmissioun“.