arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Messerattack an engem Zuch leeft d'Enquête

England

|
headphones

1 min

No Messerattack an engem Zuch leeft d'Enquête

Um Samschdeg wat et an engem Zuch tëschent Doncaster a London zu enger Messerattack komm. Den 32-järege presuméierten Täter ass mëttlerweil an Untersuchungshaft. Beim Verdächtegen handelt et sech der Police no ëm e Mann vun 32 Joer vu brittescher Nationalitéit.

headphones

1 min

Messerattack an England  | © EPA/TAYFUN SALCI
Messerattack an England (Foto: EPA/TAYFUN SALCI)

Den Täter hat am Zuch Leit mat engem Messer ugegraff. Ee weider Mann war virleefeg festgeholl ginn, ass awer nees entre temps awer nees fräi gelooss ginn, wéi déi brittesch Police matdeelt.

Vun 11 Blesséierte bleift nach eng Persoun a Liewensgefor. D‘Motiv vun der Messerattack bleift onkloer. Der Police no géif et den Ament keng Indikatiounen, datt et eng terroristesch Attack war.