arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Generalstreik a Portugal: Mat staarke Perturbatiounen ze rechnen

Europa

|
headphones

1 min

Generalstreik a Portugal: Mat staarke Perturbatiounen ze rechnen

A Portugal ass haut e Generalstreik. Ënner anerem am Secteur vun der Aviatioun. Dowéinst ass mat Problemer ze rechnen, fir d'Flich vun der Luxair op Porto an op Lissabon. Dat huet d'Luxair gëschter matgedeelt.

headphones

1 min

© Unsplash / daniela_curly
(Foto: Unsplash / daniela_curly)

Et sollt ee sech op Retarden astellen, esou d‘Luxair. Och fir d‘Retourflich wier mat Problemer ze rechnen.

De Streik a Portugal riicht sech géint déi nei Aarbechtsreform vun der rietser Regierung. Fir den ëffentlechen Transport, d‘Schoulen an d'Klinicken ass mat gréissere Stéierungen ze rechnen.

Gréisste Streik zënter 12 Joer a Portugal

Et ass déi gréisste Sozialbeweegung zënter de Spuermesurë vun 2013.

Mat der Aarbechtsreform wéilt een d‘Wirtschaft nees ukuerbelen.

Bei den alles an allem 100 Mesurë vun der Reform schwätzen d‘Gewerkschafte vun enger vun de gréissten Attacke géint d‘Aarbechtswelt.

Vun de 5 Millioune Leit, déi a Portugal schaffen, liewen der 1,3 Milliounen a prekäre Situatiounen, esou d‘Gewerkschaften.

20 Demonstratioune sinn um Donneschdeg uechter d‘Land organiséiert.

Weider Erklärungen vun eiser Korrespondentin Marieline Darcy zum Generalstreik kënnt Dir hei lauschteren.