De Fifa-President Infantino wëllt eng Duechtergesellschaft grënnen, an där d‘kommerziell Rechter un de FIFA-Competitioune gebündelt wieren. E Fënneftel vun där Duechtergesellschaft sollt kënne fir privat Investisseuren opgemaach ginn.
D‘Kritik un deene Pläng kënnt virun allem aus Europa. Och den FLF-President Paul Philipp nennt d‘Pläng bedenklech. Et wiere verschidde Grenzen iwwerschratt ginn, seet hien am 100,7-Interview. De Paul Philipp hofft, datt d‘UEFA séier eng eenheetlech Positioun dozou ausschafft.