Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Fermeture vun Al Jazeera zu Ramallah: Mënscherechtsverbänn gesinn d’Pressefräiheet a Gefor

Noen Osten

No Fermeture vun Al Jazeera zu Ramallah: Mënscherechtsverbänn gesinn d’Pressefräiheet a Gefor

Nodeems d’israeelesch Regierung de Büro vun der Tëleeschaîne Al Jazeera zu Ramallah zou gemaach huet, gesi Mënscherechtsverbänn d’Pressefräiheet a Gefor. De Sonndegmoien hunn israeelesch Zaldoten de Büro evakuéiert an d’Material konfiszéiert. Israel berifft sech op dat neit Mediegesetz a seet: De kataresche Staatssender wier e Sproochrouer vun Islamisten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

picture alliance / NurPhoto | Artur Widak | © Al Jazeera play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Op engem Video gesäit een, wéi en israeeleschen Zaldot de Journaliste vun Al Jazeera säi Befeel virliest: Si sollen alleguer hier perséinlech Saache siche goen an d’Gebai an de nächsten zwou Minutten verloossen. Et ass Sonndegmoies véier Auer zu Ramallah am Westjordanland, an eng Dosen Zaldoten befollegen den Uerder, de Büro vum kataresche Sender ze evakuéieren. Nodeems d’Journalisten zeréckkomm sinn, war d’Haus ofgespaart, erzielt de Büroschef Walid al-Omari.

"Si hunn d’Entrée mat Eisestaange verspaart an hunn eis Dokumenter a Laptoppe konfiszéiert. Mir wëssen och net, wéi et dobannen elo ausgesäit, wéi vill Equipement futti ass, mir dierfe jo net méi ragoen."

Neit Pressegesetz erlaabt eng quasi permanent Fermeture

Aktuell géifen d’Journaliste vun doheem aus schaffen, erzielt de Walid al-Omari, och hie selwer. Hire Sëtz zu Ramallah war nämlech hier lescht Permanence an der Regioun. D’Grondlag vun der Fermeture ass en neit Pressegesetz, woumat d’Regierung Medie fir 45 Deeg ofschalten dierf, wa se eng Menace fir d’national Sécherheet duerstellen. D’Fermeture vu 45 Deeg dierf awer belibeg oft erneiert ginn, praktesch ass et deemno eng permanent Fermeture. De Premier Benjamin Netanjahu werft dem Sender ënner anerem vir, géint d’israeelesch Zaldoten ze hetzen. De Virworf weist den al-Omari zeréck.

"Al Jazeera iwwerdréit live d’Pressekonferenze vun der israeelescher Arméi a vum Premier Netanjahu. All Dag hu mir israeelesch Invitéen, wéi zum Beispill d’Famille vun de Geiselen."

Och israeelesch Medie fäerten em d’Meenungsfräiheet am Land. D’Dageszeitung Haaretz huet de Méindeg getitelt, d’Fermeture vun Al Jazeera wier eng Warnung fir all d’Journalisten.

Lauschterenplay_arrow