Radioen

On air

Notturno  |  Jonah Yano - Concentrate

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel verbitt d'Aarbecht vun der UNRWA op israeeleschem Terrain

Noen Osten

Israel verbitt d'Aarbecht vun der UNRWA op israeeleschem Terrain

Israel verbitt d‘UNO Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen. Dat israeelescht Parlament huet gëschter Owend e Gesetzesprojet ugeholl, deen d‘Aarbecht vun der UNRWA op israeeleschem Territoire verbitt.

auto_stories

1 min

UNRWA | © Majdi Fathi / NurPhoto

De Vott krut eng breet Majoritéit vun 92 vun den 120 Deputéierten. De Verbuet soll bannent den nächsten dräi Méint a Kraaft trieden. 

De Verbuet géif och d'Aarbecht vun der UNWRA an der Gazasträif staark limitéieren well mam Gesetz och d'Zesummenaarbecht mat israeeleschen Offiziellen an dem Militär géife verbuede ginn.

Et wier eng skandaléis Decisioun, déi d'Leed vun de Palästinenser nach méi grouss géif maachen, sot den UNRWA Chef Philippe Lazzarini. Och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet de Verbuet verurteelt.

Israel gehäit der UNRWA zanter Jore Kollaboratioun mat Terroriste vir.

Israel behaapt, datt 19 Mataarbechter vun der Flüchtlingsagence un der Attack vun der Hamas vum 7. Oktober zejoert bedeelegt gewiescht wieren. D'UNO hat no enger Enquête 9 vun de Mataarbechter entlooss, mee sot och, Israel hätt keng Beweiser fir d'Beschëllegung geliwwert.