Zënter Woche steet Frankräich wéinst dem Mord um Lyhanna ënner Schock. Obwuel den Täter den Autoritéite bekannt war wéinst pedokriminellen Doten, gouf dëse keng eenzeg Kéier dozou befrot.
Gesetzesplang no schockéierendem Fall
Am September an Oktober wäert d’Parlament dowéinst ee Gesetzesprojet diskutéiere fir Fraen a Kanner besser viru sexueller Gewalt ze schützen, dat huet de Sebastien Lecornu gëschter annoncéiert. Déi sougenannt Loi intégrale, déi scho leschten Dezember virgestallt gouf, proposéiert ronn 80 Mesuren. De Premier sot, d’Gesetz wier méi wéi néideg - grad am Kontext vum Fall Lyhanna.
Kritik un de bestoende Strukturen
De Premier sot am Summer misst de Gesetzesprojet awer nach staark iwwerschafft ginn, well verschidde Mesurë widderspréchlech sinn oder schonn an anere Gesetzestexter virkommen. Ënner anerem gëtt proposéiert, datt et Spezialunitéite bei der Police a Justiz gëtt, déi sech ëm Sexualverbrieche këmmeren.
Och wëllt ee méi strikt virgoe géint sexuell Gewalt am Internet, de Schoulen an op der Aarbechtsplaz. Wann een Elterendeel scho wéinst Gewalt verurteelt gouf, soll dësen net d’Garde vu Kanner kréien.
Orientéierung un auslännesche Modeller
A Spuenie gëtt et schonn esou een änlecht Gesetz, wat d’Zuel vun de Femizide reduzéiert huet. Gëschter huet och de Justizminister Gérald Darmanin d’Wuert ergraff a gesot, hie perséinlech wier ganz staark dofir, datt Pedokrimineller an Zukunft wéi Terrorverdächteger méi strikt kënnen iwwerwaacht ginn.