arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Lyhanna: Viol-Plainte géint Haaptverdächtegen net prioritär traitéiert

Frankräich

|
reading time

1 min

Affär Lyhanna: Viol-Plainte géint Haaptverdächtegen net prioritär traitéiert

An der Affär Lyhanna a Frankräich leien éischt Conclusioune vum Rapport vun der Inspektioun vir: D‘Plainte wéinst Viol vun engem mannerjärege Meedchen, déi am August zejoert géint den Haaptverdächtegen am Mordfall Lyhanna deposéiert gouf, wier net als prioritär behandelt ginn.

reading time

1 min

© EPA/Guillaume Horcajuelo
(Foto: EPA/Guillaume Horcajuelo)

Dat sot de Chef vun der Generalinspektioun vun der Justiz de Moie virun der Press. Weider geet rieds am Rapport vun e puer „defaillances“, et hätt ee „Cumul“ vun Zäitverloscht ginn an et hätt kee Suivi vun der Prozedur ginn – souwuel vun der Säit vum Parquet, wéi vun der Gendarmerie zu Auch.

Mëtt nächste Mount soll ee weidere Rapport zum Thema verëffentlecht ginn, deen definitive soll dann am September virleien.

Dat 11 Joer aalt Lyhanna war viru bal dräi Wochen dout opfonnt ginn. Déi franséisch Regierung steet wéinst dem Dossier an den Dysfonctionnementer vun der Justiz, déi en op d‘Tapéit bruecht huet, ënner Drock.