Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cristobal And The Sea - Steal My Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Drock vun den USA: Grenz zu Rafah soll nees opgoen

Noen Osten

No Drock vun den USA: Grenz zu Rafah soll nees opgoen

Op Drock vun den USA sollen Israel an Ägypte sech eens gi sinn, d’Grenz zu Rafah am Süde vun der Gazasträif erëm opzemaachen. Dat fir den Transport vun Hëllefsgidder kënnen ze erlaben.

auto_stories

1 min

© picture alliance
Foto: picture alliance

Onkloer wier awer nach, wéini d’Grenz erëm opgemaach gëtt, esou een israeelesche Sender. D’Detailer sollen an den nächsten Deeg zu Kairo gekläert ginn, huet een US-Noriichteportal gemellt. Dobäi wéilt d’Delegatioun vum Wäissen Haus och doriwwer schwätze, wéi de Schmuggel vu Waffe fir déi islamistesch Hamas duerch Tunnellen ënnert der Grenz ka verhënnert ginn. Geplangt wier dofir eng ënnerierdesch Mauer.

Ägypten huet d’Berichter iwwer eng Reouverture vun der Grenz zu Rafah de Moien awer als falsch zréckgewisen.

D’Hamas hat iwwerdeems gëschter ugekënnegt, nëmmen dann erëm iwwert ee Geisel-Accord wëllen ze verhandelen, wann Israel all Kämpf géif stoppen, dat heescht bei engem Enn vum Krich.