Radioen

On air

Notturno  |  Andy Shauf - To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Ausschreidungen: Kinnek Charles seet der Police merci fir hiren Asaz

Groussbritannien

No Ausschreidungen: Kinnek Charles seet der Police merci fir hiren Asaz

De Monarch hätt mam Premier Keir Starmer a mat Vertrieder vun der Police telefonéiert, déi hien iwwert d‘Situatioun informéiert hätten, huet e Spriecher vum Palast matgedeelt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Photoshot | -

De Kinnek wéilt deemnächst och déi betraffe Géigende besichen. Deeglaang koum et zu rietsextreme Krawallen an englesche Stied, nodeems bei enger Messerattack zu Southport bei Liverpool dräi Meedercher am Grondschoulalter gestuerwe waren. An der Suite ware falsch Informatiounen iwwert d‘Identitéit vun engem Verdächtegen zirkuléiert an et koum zu Attacken op Sécherheetskräften, Flüchtlingsheemer an op Moscheeën a Butteker. Dosende Polizisten a Polizistinne goufen am Asaz blesséiert.

E Mëttwoch haten dausende Mënschen a verschidde Stied friddlech géint d‘Gewalt protestéiert. Zanterhier huet d‘Lag sech nees berouegt.