Radioen

On air

One World  |  Spring Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Attack zu München: Mamm a Kand stierwen u Blessuren

Enquêteure hu Verdacht op islamistescht Attentat

No Attack zu München: Mamm a Kand stierwen u Blessuren

No der Attack zu München, wou een Auto an ee Grupp u Mënsche gerannt ass, sinn elo een 2 Joer aalt Kand a seng 37 Joer al Mamm un hire schwéiere Blessure gestuerwen. Dat huet dat bayrescht Landeskriminalamt de Samschdeg den Owend confirméiert.

auto_stories

1 min

Iwwerdeems huet de bayresche Ministerpresident Markus Söder Verhandlunge mat den Taliban gefuerdert, fir Expulsiounen a Richtung Afghanistan z‘organiséieren. Déi däitsch Bundesregierung misst sech direkt mat Kabul a Verbindung setzen, an et misst all Woch ee Voll stattfannen. Elleng a Bayern géif et bal 2000 Afghanen ouni Openthaltsgeneemegung ginn, 2000 dovu wiere schwéier Stroftäter.

Hannergrond ass en Uschlag zu München: E 24 Joer alen afghanesche Mann war en Donneschdeg mat sengem Auto an eng Mënschegrupp gerannt a huet dobäi op d‘mannst 39 Leit deels schwéier verwonnt. D‘Enquêteure ginn dovun aus, datt et sech ëm en islamisteschen Attentat handelt.