De Georges Mischo schreift, et wier essentiel, datt sech d’Athleten an engem Ëmfeld beweege kéinten, dat eng fräi a respektvoll Meenungsäusserung zouléisst. All Federatioun wier dozou opgeruff, hir intern Affären am Respekt vun den eegene Reglementer ze geréieren.
De Georges Mischo seet och, hie wéisst Bescheed doriwwer, datt et virun der Affär Sarah de Nutte e Sträit tëscht der FLTT an dem Eric Glod gouf. Deen hat doropshi jo e Schlussstréch ënner seng international Karriär gezunn.
Um Enn heescht et vu Säite vum Sportminister, datt hie ferm envisagéiere géif, fir a senger Amtszäit eng Mediatiounsinstanz anzesetzen, sou wéi dat am Koalitiounsaccord virgesi wier.