arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No 14 Joer: Dänesch Männer ginn Europameeschter am Handball

Sport

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

No 14 Joer: Dänesch Männer ginn Europameeschter am Handball

Am Hären-Handball ass den Olympiagewënner a Weltmeeschter Dänemark gëschter Owend no 14 Joer Paus nees Europameeschter ginn. An der Final, doheem géint Däitschland, waren d’Dänen um Enn 34:27 iwwerleeën. Fir den Trainer vum Lëtzebuerger Hären-Champion ass Dänemark déi bescht Ekipp weltwäit.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© EPA/THOMAS TRAASDAHL
(Foto: EPA/THOMAS TRAASDAHL)

De Marc Breser vun Déifferdeng fënnt, den Haaptgrond fir déi dänesch Victoire wier deen, datt si déi Däitsch mat hirer Verteidegung gestéiert hunn. D'Resultat wier awer ze héich ausgefall, esou de Marc Breser. 

"Dat ass 100 Prozent secher. Däitschland war net esou schlecht. Dänemark ass momentan eben déi bescht Ekipp op der Welt. Dat hu se erëm gewisen. Si hu sech gesteigert am Laf vun der EM. Voilà, dann ass et och ee verdéngte Gewënner." 

D'Bronzemedail war iwwerdeesm fir Kroatien, duerch eng 34:33 Victoire géint Island. 

play_arrow Lauschteren