D‘USA hunn op en Neits un Israel appelléiert, déi geplangte grouss Offensiv op Rafah net duerchzeféieren. Domat kéinte si garantéieren, datt se weider genuch Waffe vun den USA geliwwert kréien. Et ass déi strengste Warnung, déi d‘USA bis elo géint Israel lancéiert hunn.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet sech net impressionéiert gewisen. Israel kéint sech noutfalls och selwer verteidegen, war säi Message. Een Arméisspriecher sot, Israel hätt genuch Munitioun, fir mam Asaz ronderëm Rafah weiderzefueren.