arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu dementéiert Hongersnout  

Noen Osten

|
headphones

1 min

Netanjahu dementéiert Hongersnout  

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu dementéiert, datt et an der Gazasträif eng Hongersnout géif ginn. D’UNO hat um Freideg gemellt, datt op mannst eng Hallef Millioun Mënschen an der Gazasträif ënnert enger Hongersnout géife leiden.

headphones

1 min

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)

Israel gëtt opgefuerdert déi humanitär Hëllef an d’Gazasträif eranzeloossen.

Trotz där Situatioun hält de Benjamin Netanjahu u senge Pläng fest, fir d’Gaza-City ze attackéieren, mam Zil géint d’Hamas ze kämpfen.