arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu bezeechent Attack op Spidol als "trageschen Accident"

Noen Osten

|
headphones

1 min

Netanjahu bezeechent Attack op Spidol als "trageschen Accident"

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet Stellung bezunn zu der israeelescher Attack um Méindeg op eng Klinik an der Gazasträif, bei där 5 Journalisten a 15 aner Persounen ëm d'Liewe koumen. Et wier en trageschen Accident gewiescht, sot de Benjamin Netanjahu.

headphones

1 min

© picture alliance / dts-Agentur | -
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

D'Attack gouf vun de Vereenten Natiounen an enger Partie Länner verurteelt, dorënner Frankräich, Däitschland a Groussbritannien. Si hunn Israel opgeruff, d'Journalisten an der Gazasträif ze schützen.

Israel léist keng auslännesch Journalisten an d'Gazasträif eran. Op der Plaz sinn awer palästinensesch Journalisten, déi fir international Medien a Noriichtenagencen iwwer de Krich berichten.

Zënter dem Ufank vum Gaza-Krich viru ronn zwee Joer wiere bal 200 Journalisten ëm d'Liewe komm, esou de Kommitee fir de Schutz vu Journalisten.