Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu: Et wier een no dru gewiescht d'Geisele lieweg heem ze kréien

Drock klëmmt weider

Netanjahu: Et wier een no dru gewiescht d'Geisele lieweg heem ze kréien

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet sech bei de Familljemembere vun de 6 doudege Geiselen, déi an der Gazasträif fonnt goufen, entschëllegt. Et wier een no dru gewiescht, si lieweg erëm heem ze bréngen, mee dat wier net gelongen, esou deen israeelesche Premier virun der Press.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann
Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann

Gläichzäiteg huet hien ugekënnegt, datt d'Hamas dofir een héije Präis bezuele géif.

Iwwerdeems wiisst den Drock op déi israeelesch Regierung weider. Den US-President Joe Biden huet de Benjamin Netanjahu kritiséiert, well hien net genuch dofir maache géif, fir een Accord ze fannen, deen zu der Fräiloossung vun de Geisele féiere soll.