Radioen

On air

Notturno  |  Angus & Julia Stone - Cellar Door

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neierunge vum Offallgesetz: Gemëschte Bilan no Pilotprojeten

Pabeier, Glas, Plastik, Batterien...

Neierunge vum Offallgesetz: Gemëschte Bilan no Pilotprojeten

Zanter dem 1. Januar sinn eng Rei Neierunge vum Offallgesetz a Kraaft. Dorënner och e Gesetz, dat d’Supermarchéë betrëfft. Esou muss all Verkafssurface, déi méi wéi 1.500 Quadratmeter grouss ass, déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung stellen, fir datt d‘Leit hire recycléierfäegen Dreck kënnen do ofginn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Recykléierfäege Knascht | © Bigstock / RTimages play_arrow
Foto: Bigstock / RTimages

Knascht dee recyclingfäeg ass soll sou einfach wéi méiglech agesammelt ginn. Dat war d’Iddi vum Gesetz fir Ressourcenzenteren an de Supermarchéen opzemaachen, erkläert d’Joelle Welfring, déi fréier gréng Ëmweltministerin.

„Dat sinn déi grouss Fraktiounen, dat heescht Pabeier, Glas, Plastik, Batterien, also déi gängeg Ressourcen, déi een am Fong net méi brauch.“

Pilotprojeten op dräi Plazen uechter d‘Land 

Dofir si Pilotprojeten duerchgefouert ginn: Vu Mee bis Oktober sinn an dräi Supermarchéen op ënnerschiddleche Plazen – zu Ruedt-Syr, zu Diddeleng an zu Stroossen – Sammelsystemer op d’Been gestallt ginn. Also Containeren, an deenen ee recyclingfäege Knascht kann ofginn. D’Iddi derhannert war fir ze kucken, wéi een et de Leit an de Betriber méiglechst einfach ka maachen, hiren Dreck ofzeginn, erkläert d’Joelle Welfring. Zil wier gewiescht fir konform zum Gesetz ze ginn, ouni onnéideg Zäit a Suen ze verléieren.

D’Pilotprojete si lo ofgeschloss an elo gëtt gekuckt wéi Supermarchéë sech a punkto Logistik an Organisatioun am beschten opstelle sollen, erkläert de Paul Rasqué vum Ëmweltministère.

Gerénge Volumen an nach eng Rei Froen

D’Projete sinn zesumme mat ValorLux a mat der Federatioun fir d’Alimentatioun an d’Distributioun (FLAD) duerchgefouert ginn. De Volume u Knascht, deen d‘Leit am Supermarché ofginn hunn, wier net immens héich gewiescht, genee wéi een dat vun Ufank u gesot hätt, seet de Janssen Liu, stellvertriedene Conseiller fir d’FLAD.

„Well d’Leit kommen dohi fir anzekafen, net fir hiren Dreck ofzeginn.“

Et hätt een och festgestallt, datt et nach Erkläerungsbedarf bei den Notzer géif ginn. D’Ënnerscheeder tëscht den eenzelne Fraktioune wieren net ganz kloer, esou de Janssen Liu.

Dat bestätegt och de Paul Rasqué vum Ëmweltministère.

„Wat d’Qualitéit ugeet, hu mer festgestallt, och well mer Sondagë bei de Leit gemaach hunn, datt net ëmmer ganz verstane gouf, wéi eng Fraktioune gesammelt ginn. Bei de Quantitéiten, ech mengen do war de Projet och deelweis ze kuerz ugeluecht.“

Parking als wichtege Faktor

Virun allem ee Faktor hätt en Afloss drop, ob a wéi vill d’Leit déi Sammelpunkten an de Supermarchéen notzen. An dat wier d’Presenz vun engem Parking, erkläert de Paul Rasqué.

Och wann d’Supermarchéë mat méi wéi 1.500 Quadratmeter déi Containere solle kréien, d’Zil wier et, eng komplementar Offer ze bidden, zousätzlech zu de bestoende Ressourcenzenteren an der Collecte virun der Dier. Wéini genau déi zousätzlech Offer dann elo an de concernéierte Supermarchéën ugebuede gëtt, ass nach net gewosst. Elo misst een de Projet mol evaluéieren a sech dann nees zesumme setzen, esou nach de Paul Rasqué vum Ëmweltministère.

Lauschterenplay_arrow