Radioen

On air

9 bis 1  |  Camille - Home Is Where It Hurts

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien déidleche Virfall an der Grenzregioun tëschent Israel an dem Libanon

Aktuelles aus dem Noen Osten

Neien déidleche Virfall an der Grenzregioun tëschent Israel an dem Libanon

Een Zivilist wier bei engem Rakéitenugrëff am Norde vun Israel un der Grenz mam Libanon gestuerwen, esou d'Rettungsdéngschter. Virdrun hätt et an der Grenzregioun Rakéitenalarm ginn.

auto_stories

1 min

Grenz Israel Libanon | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
D'Grenzregioun tëschent Israel an dem Libanon. (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

10 Rakéite wiere vum Libanon aus op israeeleschen Territoire geschoss ginn, esou déi israeelesch Arméi. Déi meescht wieren ofgefaange ginn.

Déi israeelesch Arméi soll iwwerdeems eegenen Aussoen no eng Dose Sitte vun der Hisbollah am Süde vum Libanon bei Loft- a Buedemattacke getraff hunn. Dobäi wier ee vun de Member vun der Miliz gestuerwen.