arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien Ulaf fir méi Solidaritéit ënner den EU-Memberlänner

EU-ASYL- A MIGRATIOUNSPAK

|
headphones

3 min

Neien Ulaf fir méi Solidaritéit ënner den EU-Memberlänner

D'EU proposéiert ee "Solidaritéits-Pool" fir d'Migratioun mat ënnerschiddleche Kategorië fir d'Memberlänner. Lëtzebuerg ass ënner deenen, déi Migranten ophuelen oder ee finanziellen Ausgläich bezuele mussen.

headphones

3 min

Europäesch Kommissioun | © Wiktor Dabkowski
Europäesch Kommissioun (Foto: Wiktor Dabkowski)

Déi Europäesch Kommissioun huet e Mëttwoch e wichtege Baustee vum neien europäeschen Asyl- a Migratiounspakt presentéiert.

Et handelt sech ëm ee Rapport, an deem ënner anerem definéiert gëtt, no wéi engem Scheema Migranten an der EU solle verdeelt ginn.

Laang Berodungen am Virfeld

D’Kommissioun huet dee Rapport mat engem Mount Verspéidung virgeluecht. D’Presentatioun gouf ëmmer nees verluecht.

Et hätt ee sech missen déi néideg Zäit huelen a sech och misse mat den EU-Memberlänner beroden, esou den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner, e Mëttwoch am Europaparlament.

Déi 27 EU-Länner ginn am Scheema, dat hien elo virleet, a verschidde Kategorien agedeelt.

Véier Länner hunn ee Recht op de Solidaritéits-Pool

Véier Länner, nämlech Griichenland, Zypern, Italien a Spuenien, falen an d’Kategorie vun deenen, déi der Kommissioun no, besonnesch ënner Drock stinn an ee Recht drop hunn, vum Solidaritéits-Pool ze profitéieren.

Dat heescht, si kënnen entweder Migrantinnen a Migranten un anerer ofginn oder finanziell a logistesch Ënnerstëtzung ufroen.

14 weider Länner, dorënner Däitschland a Frankräich - mee och Éisträich, d’Belsch, Holland oder Pole ginn an zwou weider Risiko-Kategorien aklasséiert. Si kënnen entweder Ausnamen oder och Hëllef ufroen.

Lëtzebuerg a kenger Kategorie

D’EU géif hei een Instrument schafen, fir datt d’Memberlänner sech géigesäiteg ënnerstëtze kënnen, als Deel vun enger EU, déi d’Erausfuerderung zesummen ugeet, sot e Mëttwoch am Europaparlament den zoustännegen EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner.

All d’Memberlänner wäerte vun deem System profitéieren. En ass faktebaséiert a reflektéiert de relativen Niveau vum Drock, deem ee Land ausgesat ass.

Lëtzebuerg gëtt wéi néng aner EU-Länner a kenger vun deene Kategorien ernimmt. De Grand Duché fält d’office ënner déi, déi sech um Solidaritéits-Mechanismus bedeelege mussen.

Accord bis Enn des Joers

Et soll awer kee gezwonge ginn, Migrantinnen a Migranten opzehuelen, heescht et am Pabeier vun der Kommissioun. All Land huet och de Choix sech duerch ee finanzielle Beitrag oder eng aner Mesure um System ze bedeelegen.

De Mechanismus gesäit vir, datt pro Joer op d'mannst 30.000 Mënschen an der EU ëmverdeelt ginn.

Pro Flüchtling, deen ee Land net wëllt ophuelen, misst dem EU-Plang no eng finanziell Contributioun vu ronn 20.000 Euro bezuelt ginn.

D’Kommissioun huet ee Plang mat enger Propos fir d’Contributioune vun den eenzele Länner ausgeschafft. Deen ass awer net ëffentlech. E soll an engem Solidaritéitsforum ënner de Länner diskutéiert ginn.

D’Länner hu bis Enn des Joers Zäit, sech eens ze ginn. De Solidaritéits-Pool soll bis Juni d’nächst Joer operationell sinn. 

Wéi soll dee Solidaritéits-Mechanismus funktionéieren? Erklärungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. 

play_arrow Lauschteren