arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell un déi ungaresch Autoritéiten, d'Budapest Pride zouzeloossen

EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen

|
headphones

1 min

Appell un déi ungaresch Autoritéiten, d'Budapest Pride zouzeloossen

Ungarn huet all d'Aktivitéiten am Kontext mat der Pride verbueden. Wien trotzdeem deel hëlt, muss mat Strofe rechnen. Der Kommissiounspresidentin no géif d‘EU fir Gläichheet an Anti-Diskriminéierung stoen. Dat wiere Grondwäerter déi an de Verträg festgehale gi wieren.

headphones

1 min

Den ungaresche Regierungschef Victor Orbàn huet den Appell zréckgewisen a sengersäits erkläert, datt d‘EU sech net an intern penal Affaire sollt amëschen. De Buergermeeschter vu Budapest Gergely Karacsony, deen d‘Pride matorganiséiert, riskéiert bis zu engem Joer Prisong.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz a Marc Angel wäerten e Samschdeg och bei der Pride dobäi sinn. De Verbuet geet grondsätzlech mam Kannerschutz justifiéiert, déi misste virun net hetero-sexuelle Liewensweise geschützt ginn.