arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Liichtathletik-Stadion net just fir d'Spiller vun de klenge Länner geduecht

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Neie Liichtathletik-Stadion net just fir d'Spiller vun de klenge Länner geduecht

De Projet fir de Bau vun engem neie multidisziplinäre Sportkomplex mat engem neie Liichtathletik-Stadion zu Hamm gouf um Freidegmoien am Stater Gemengerot gestëmmt. Ee grousse Projet vu ronn 110 Milliounen Euro, dee virun de Spiller vun de klengen europäesche Länner am Mee 2029 soll fäerdeg sinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi 84 Bierger:innen, déi wéinst dem Projet vum neie Sportkomplex zu Hamm reklaméiert hunn, sollen Ufank 2026 an der Gemeng gehéiert ginn, esou d’Lydie Polfer. D’Bierger:innen hate kritiséiert, datt si net genuch agebonne gi wieren.

Kee Mobilitéitsproblem seet de Patrick Goldschmidt

De lénke Gemengerotsmember David Wagner - deen als eenzege géint de Projet gestëmmt huet - huet kritiséiert, datt et nach ëmmer oppe Froe géife ginn.

"An d’Bierger:innen zu Hamm sinn nach ëmmer net ganz berouegt, wat d’Envergure vun deem ganze Projet do ugeet."

De Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt vun der DP huet verséchert, datt den neie Liichtathletik-Stadion zu Hamm kee gréisseren Impakt op de Verkéier soll hunn.

"A sécher wäert déi Sportinfrastruktur als solches net ee Mobilitéitsproblem generéieren."

Méi wéi just e Stadion

D’Sportschäffin Simone Beissel huet preziséiert, wat zu Hamm soll entstoen, ënner anerem fir de Lafsport.

"Mir kréie fir d’alleréischte Kéier dann aacht Couloiren op der Haaptpist vu 400 Meter. (...) Mir hunn eng Sprintpist vun 110 Meter mat sechs Couloiren."

Donieft soll zu Hamm een ëffentleche Park an eng Brasserie gebaut ginn, grad wéi eng Sportshal plus Terraine fir ënner anerem Basket a Beachvolleyball.

Wat geschitt no de JPEE?

Et misst gekuckt ginn, wéi all dës Infrastrukturen no de Spiller vun de klenge Länner 2029 genotzt ginn, huet d’Linda Gaasch vun déi gréng gefuerdert.

"Fir datt mir net duerno eng iwwerdimensionéiert Konstruktioun do stoen hunn, déi net genuch gebraucht gëtt."

“Mir bauen dat hei net fir d’Spiller vun de klenge Länner”, esou iwwerdeems den DP-Gemengerotsmember Claude Radoux, mee:

"Éischtens fir de Besoin vum Sport u sech, an dann natierlech fir d’Areler Strooss ze liberéieren."

Um Site vum Stadion Josy Barthel op der Areler Strooss, an deem elo nach Liichtathletik gemaach gëtt, soll wéi gewosst ee groussen neie Wunnquartier entstoen.

play_arrow Lauschteren