Der DP wier et wichteg, datt d'Dossieren, déi am Ressort vum Georges Mischo waren, elo konform mam Koalitiounsaccord weidergeféiert ginn. Dat sot d’DP-Presidentin Carole Hartmann. Grad a Punkto Aarbechtsrecht wieren nach eng Partie Saachen am Koalitiounsaccord festgehalen, déi nach net ëmgesat wieren.
“Ech mengen déi Gesetzesprojeten, déi ënnerwee sinn, dat sinn der jo, déi mir och an der Majoritéit, an der Koalitioun diskutéiert hunn, déi och mat de Sozialpartner diskutéiert goufen an déi och sollten esou ëmgesat ginn.”
Fréiere Gewerkschaftler als Aarbechtsminister
Datt mam Marc Spautz, e fréiere Gewerkschaftler dem demissionären Aarbechtsminister seng Dossieren iwwerhuele wäert, gesäit d’Carole Hartmann duerchaus positiv.
“Ech mengen am Ufank gouf et duerchaus e puer Schwieregkeeten am Sozialdialog a mir sollen als Koalitioun an och vu Säite vum Ministère aus wierklech do Léieren doraus zéien, de Sozialdialog ass eppes, wat zu Lëtzebuerg Traditioun huet.”
Et bräicht ee Stabilitéit
Och d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert gesäit hirem Parteikolleeg Marc Spautz säi Wëssen an dësem Dossier als Atout.
“Ech mengen et soll elo einfach an enger Stabilitéit weidergoen, dowéinst ass den Här Spautz dann och elo deen, wéi de Premierminister och scho sot, eng Persoun, déi sech awer an der Matière ganz gutt auskennt, wou een dann och direkt elo kann aktiv ginn an deenen Dossieren a sech net nach muss aschaffen.”
Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz war bis dato och President vun der Aarbechtskommissioun. Op d’Fro, wien dem Marc Spautz säin Nofollger als CSV-Fraktiounspresident gëtt, konnt d’Stéphanie Weydert keng Äntwert ginn.
De Premier Luc Frieden hat um Méindeg gesot, déi Decisioun léich an den Hänn vun der Fraktioun.
Liest hei d'Reaktioune vun der Oppositioun an de Gewerkschaften