Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Mkl Jksn

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Kollektivvertrag am Secteur vun de Kantinnen

3.000 Salariéen

Neie Kollektivvertrag am Secteur vun de Kantinnen

20 Joer hunn d‘Diskussiounen iwwer e Kollektivvertrag am Secteur vun de Kantinne gedauert, elo gouf et een Accord.

auto_stories

1 min

Kantin | © Unsplash /  CDC
Foto: Unsplash/ CDC

An engem gemeinsame Communiqué vun OGBL, LCGB a Fedil Catering vu gëschter heescht et, datt ënner anerem d‘Sonndes- an d‘Feierdagsstonnen an Zukunft extra bezuelt ginn, an datt eng linear Salaireshausse soll kommen. Den neie Kollektivvertrag fir 3.000 Salariéë leeft iwwer dräi Joer.