Experte sollen eng nei Legislatioun op d‘Bee stelle fir d‘KI ze encadréieren. 140 Spezialisten an der Technologie, Juristen an Ekonomiste solle mat dru schaffen.
De Kader soll een europäeschen Ekosystem favoriséiere mat enger innovativer, kompetitiver a reglementéierter KI, déi d‘Valeure vun der EU vertrëtt, heescht et vum zoustännege Kommissär.