Ënnert deene 14 Länner sinn Däitschland, Frankräich an Italien. Lëtzebuerg ass net dobäi. D‘EU-Kommissioun hat d‘lescht Woch proposéiert, fir déi europäesch Verteidegungsindustrie drastesch eropzefueren, wéinst dem russesche Krich an der Ukrain. Bis 2030 solle 50 Prozent vun de Militärequipementer, déi d‘EU-Länner bestellen, an der EU produzéiert ginn. Haut kënnt de gréissten Deel aus Amerika.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ 14 Länner fuerderen d'Investitiounsbank op méi an d'Verteidegungsindustrie ze investéieren
Als Reaktioun op Russland
14 Länner fuerderen d'Investitiounsbank op méi an d'Verteidegungsindustrie ze investéieren
14 EU-Länner hunn e Bréif un déi Europäesch Investitiounsbank geschriwwen. Si fuerderen d‘BEI op, d‘Investissementer an de Secteur vun der Defense ze stäerken a méi fir déi europäesch Verteidegungsindustrie ze maachen.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel