Virun allem méi jonk Mënschen hunn de Wee an de Café Streik zu Esch fonnt, fir iwwert d’Cause Pim Knaff ze diskutéieren, sot eis op Nofro de Fraktiounsspriecher vun déi Lénk am Escher Gemengerot, Marc Baum.
Den Escher Kultur- a Wirtschaftsschäffe war wéinst schwéierer Steierhannerzéiung verurteelt ginn. Iwwert de Weekend géif sech deen neie Gremium elo opstellen, a sollt d’nächst Woch un d’Press eruntrieden a konkret Aktioune proposéieren, mat deenen een d’Demissioun vum Pim Knaff wéilt fuerderen.
De Marc Baum huet betount, datt d’Spriecher vun dësem Kommitee net parteipolitesch aktiv dierfte sinn.