D'CHL-Generaldirektesch Martine Goergen huet erkläert, datt et ëm eng Dezentraliséierung an eng Dekonzentréierung géif goen.
Mat dësem Schrëtt géif et ee gerechten Zougang ginn zur Medezin, déi spezialiséiert ass, fir all d'Leit am Land. Dës soll och ëmmer méi spezialiséiert ginn a soll domat och iwwerlaaschten Zentralstrukturen entlaaschten.
Dräi spezialiséiert Antennen
Dat am Kader vum sougenannten “Virage ambulatoire". D'Gesondheetsministesch huet besonnesch den Depistage vum Kriibs ervirgehuerwen.
"Hei zu Maacher hu mir elo déi zwou Saache beieneen: Den Depistage vum Cancer du sein an herno, falls Leit hei leider entdecken, datt se e Cancer du sein hunn, kënne vläicht och méi no doheem kënnen Traitementer suivéieren."
Déi néi Praxis-Zentren zu Gréiwemaacher bidden deemno dräi spezialiséiert Antennen un.
Ambulant Versuergungen an enger Dagesklinik
Dorënner ee Mammographie-Service an ee Kriibs-Depistage, wei d'CHL-Generaldirektesch Martine Goergen erkläert. Awer och eng net chirurgesch Dagesklinik.
"Fir ambulant Versuergungen ze maachen, wou mir kucken, wou vill an der Douleur gemaach gëtt, mee wou och Chemotherapien ugebuede ginn."
Ugebuede ginn an de CHL-Praxis-Zenteren zu Gréiwemaacher och nach speziell Traitementer géint Péng a Consultatiounen an der Pediatrie an anere spezialiséierte Beräicher.