Radioen

On air

Kultur um 5  |  Invasioun a Besatzung

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Néi Méiglechkeet fir Verstéiss géint Déiereschutzgesetz ze mellen

Nei E-Mail-Adress presentéiert

Néi Méiglechkeet fir Verstéiss géint Déiereschutzgesetz ze mellen

D‘CSV Ministesch Martine Hansen stellt an Zesummenaarbecht mat der ALVA, der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire, een neie Kontaktpunkt vir, iwwer deen d‘Leit Verstéiss géint Déiereschutzgesetz kënne mellen.

auto_stories

3 min

Hond | © MA / SIP
Foto: MA / SIP

Bis elo konnt ee sech just iwwer Telefon bei der ALVA mellen. Elo gouf eng E-Mail-Adress agefouert. Iwwer help@deier.lu kënne sech d‘Leit elo mellen, falls si Verstéiss géint Déiereschutzgesetz feststellen.

D'Ministesch gëtt konkret Beispiller

Gemellt ginn kënne Fäll, déi géint d'Déiereschutzgesetz verstoussen, wou also zum Beispill eng net aartgerecht Haltung de Fall ass, erkläert d'Martine Hansen.

"Zum Beispill wann net genuch Waasser do ass, wa kee Fudder do ass, wann een Hond déi ganz Zäit un der Kette läit. Dat sinn alles Saachen, déi net aartgerecht sinn. Déi sollen hei gemellt ginn."

D'E-Mail-Adress wier net dofir geduecht, wann een Hond ze dacks géif billen oder wann den Dreck net géif opgeraf ginn, betount d'Martine Hansen.

D'CSV-Ministesch Martine Hansen. | © D'CSV-Ministesch Martine Hansen.
Martine Hansen Hond (Foto: D'CSV-Ministesch Martine Hansen.)

Just fir Haus- an Notzdéiere geduecht

Et wier och wichteg, datt d‘Leit präzis Informatiounen an der E-Mail géife matdeelen.

"Déi noutwendeg Informatioune sinn éischtens den Numm vun deem, deen déi Plainte gär wëll maachen, well mir huele keng anonym Plainten entgéint. Et soll een uginn, wéi eng Déieren et sinn, wéi vill, wou se stinn, fir datt een och ka kucke goen, a wéi ee Probleem besteet."

Iwwerdeems géif d'Hotline sech nëmmen ëm Hausdéieren an Notzdéiere këmmeren. Wëll Déiere falen ënnert d'Verantwortung vun der ANF.