arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Numm vum fréieren Ausseminister Asselborn gëtt an engem Mail-Echange genannt

Epstein-Files

|
headphones

2 min

Numm vum fréieren Ausseminister Asselborn gëtt an engem Mail-Echange genannt

Weider Dokumenter rondrëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein goufen e Freideg publizéiert. Doran ass ee Mail-Echange tëschent dem Epstein an engem Banquier, an deem den Numm vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn fält.

headphones

2 min

En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington  | ©  EPA/WILL OLIVER
En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington (Foto: EPA/WILL OLIVER)

An deene Courrieren gëtt et eng Mail vum 1. Oktober 2010, an der de Jeffrey Epstein ee Bréif un de Banquier James “Jes” Staley weiderschéckt. Dodran ass rieds ass, datt den Jeffrey Epstein kéint de Lëtzebuerger Ausseminister an eng Rei vun aneren deemolege Vertrieder vun enger gudder Dose Staate perséinlech treffen.

Den deemolegen LSAP-Ausseminister Jean Asselborn huet haut um Méindeg vis-à-vis vu verschiddene Medie präziséiert, datt hien den Epstein ni selwer gesinn huet. Déi éischte Kéier wou hien de Numm Epstein héieren hat, wier gewiescht, wéi dee sech a senger Zell viru 6 Joer ëmbruecht hat.

An deenen Echangen tëschent dem Epstein an deem Staley goung et virun allem ëm Geschäfter a Rendez-Vouse mat Personalitéiten.

Screenshot aus den Epstein-Files | © Radio 100,7
Screenshot aus den Epstein-Files (Foto: Radio 100,7)