Nodeems si de Moien eng éischte Kéier vum Parquet gehéiert goufe koum de Jacques Moretti an Untersuchungshaft, dat well e Risiko géif bestoen, datt hie fort leeft, esou de Parquet.
Grand-Duc Henry bei der Trauerfeier
Fir de 40 Doudesaffer an 116 Blesséierten zu Crans-Montana ze gedenke war de Mëtteg eng grouss Commemoratiounsfeier zu Martigny. Ënnert de Gäscht war och de Grand-Duc Henri, hien huet e Kranz néiergeluecht.
Bei der Trauerfeier huet de Regierungschef vum Kanton Wallis, Mathias Reynard, sech virun de Familljemembere vun den Affer entschëllegt. Do virdru war um 2 Auer de Mëtteg an der ganzer Schwäiz eng Gedenkminutt an am ganze Land hunn duerno och d‘Klacke gelaut.
Bei der Trauerfeier huet de Regierungschef vum Kanton Wallis, Mathias Reynard, sech virun de Familljemembere vun den Affer. Entschëllegt. Do virdru war um zwou Auer de Mëtteg an der ganzer Schwäiz eng Gedenkminutt an am ganze Land hunn duerno och d‘Klacke gelaut.
Ënnert de 40 Doudesaffer ware vill Jonker, dee Jéngste war knapp 14 Joer al. Wärend der Zeremonie hunn dräi Jonker d’Wuert ergraff, dorënner d’Marie dat op Neijooschdag just vis a vis vun der Bar, le Constellation nach ee Patt drénke war, wéi d’Brandkatastroph geschitt ass.