Radioen

On air

Concert  |  Rising Star Matilda Lloyd

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nationalekipp wënnt 3-2 a Lichtenstein

Futtball

Nationalekipp wënnt 3-2 a Lichtenstein

Gëschter um Dënschdeg huet d'Dammen-Nationalekipp fir de Kont vun der Nations League 3-2 a Lichtenstein gewonnen.

auto_stories

1 min

Fussball | © PEter Glaser / Unsplash
Fussball (Foto: PEter Glaser / Unsplash)

D’Rout Léiwinnen hunn domat hir éischt Plaz an der Tabell verdeedegt. Si hunn do 10 Punkten, de Kasachstan huet der 7.

Deemno gesäit de Moment alles no enger Finall ëm den Opstig aus, um leschte Spilldag Ufank Juni, am Kasachstan.

Am Häre-Futtball ware gëschter um Méindegowend an der Champions-League déi zwee éischt Aller-Mätscher vun de Véierelsfinallen. Inter Mailand huet 2-1 bei Bayern München gewonnen. An Arsenal klappt Real Madrid matt 3-0. 

Den Owend sinn déi zwou aner Véierelsfinallen. Um 9 Auer spille Barcelona géint Dortmund, a Paris Saint Germain géint Aston Villa.