Radioen

On air

9 bis 1  |  Brittany Howard - What Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nancy Faeser: Weider Mesurë géint irregulär Migratioun gi juristesch iwwerpréift

Migrationsgipfel an Däitschland

Nancy Faeser: Weider Mesurë géint irregulär Migratioun gi juristesch iwwerpréift

Zu Berlin koume gëschter Vertrieder:inne vun der Bundesregierung an der Union zesummen, fir iwwer d'Asylpolitik ze diskutéieren. Hannergrond ass ee Mesurëpak, deen d'Ampel-Koalitioun d'lescht Woch no der déidlecher Messerattack zu Solingen ugekënnegt hat.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Et hätt een dat gemeinsaamt Zil, géint déi irregulär Migratioun virzegoen, sot d'Inneministesch Nancy Faeser nom Treffen. D'CDU an d'CSU fuerderen eng Verschäerfung vun de Grenzkontrollen a méi einfach Expulsiounen direkt un de Grenzen, virun allem dann, wann eng Persoun schonn an engem aneren EU-Memberstaat eng Asyldemande gestallt huet.

Doropshin huet d'Inneministesch Nancy Faeser vun der SPD eng juristesch Iwwerpréiwung vu weidere Mesuren ugekënnegt.

Ufanks nächster Woch soll et da weider Gespréicher ginn.