Een direkten Import vu russeschem Gas op Lëtzebuerg géif et net ginn, esou den Energie-Fournisseur Enovos. Den Undeel vu Gas aus Russland, deen d’lescht Joer an d’EU importéiert gouf, an deen indirekt op Lëtzebuerg koum, hätt tëschent 10 a 15 Prozent variéiert. De Gas, deen hei am Land verbraucht gëtt, gëtt aus Holland, der Belsch a Frankräich importéiert, esou d’Informatioune vun Enovos. Den Energieminister Lex Delles.
"A mir kënnen do net ausschléissen, datt do och russesche Gas mat dran ass. Well Russland nach ëmmer – zwar vill vill manner – mee nach ëmmer Gas exportéiert."
Europäesch Ofhängegkeet
Et géif nach ëmmer eng europäesch Ofhängegkeet vu russeschem Gas ginn, bedauert de Lex Delles.
"Mee et ass net méiglech an esou kuerzer Zäit zu 100 Prozent op de russesche Gas ze verzichten. Fir Lëtzebuerg ass et méiglech."
Den Zuele vum STATEC no, koum 2020 nach bal ee Véirel vum Gas, deen hei am Land verbraucht gëtt, aus Russland. 2022 koumen nach 0,2 Prozent vun do. Fir 2023 mellt de STATEC 0,0 Prozent aus Russland a fir 2024 ginn et nach keng Zuelen.
"Et war eng bëlleg Energiequell, déi mer kritt hunn. Et muss een awer soen, dass mer eis do ganz an d’Gräpp vun engem Land ginn hunn. A mir mierken elo, wéi geféierlech, dass et ass, wa mir eis ofhängeg maachen, als Lëtzebuerg, als Europa, vun eenzelne Länner."
Déi 27 Memberstaaten hu sech d’Zil gesat, bis 2027 kee Gas aus Russland méi wëllen z’importéieren. Juristesch verbindlech soll dat awer net ginn.
"Ech hoffen, datt et geléngt, dass mer 0,0 Prozent Gas aus Russland kréien."
Komplett inacceptabel weiderhi russescht Gas ze kafen
Dem EU-Energiekommissär Dan Jørgensen no, wier et komplett inacceptabel, weider fossil Energien aus Russland ze kafen, an domat indirekt dem Putin seng Krichskeess ze fëllen.
"Zu 100 Prozent deelen ech déi doten Aschätzung, well et kann net sinn, dass mer op där enger Säit eng Panoplie vu Sanktiounen huelen, géint Russland, an zur nämmlechter Zäit soen, ah däi Gas, deen huele mer awer nach."
Lëtzebuerg ass der Meenung, datt d’Ofhängegkeet duerch Energieeffizienz an duerch méi erneierbar Energië kéint reduzéiert ginn.