Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Outkast, Sleepy Brown - The Way You Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Koalitioun vun de Wëllegen" diskutéiert iwwer Ënnerstëtzung fir d'Ukrain

Bréissel

"Koalitioun vun de Wëllegen" diskutéiert iwwer Ënnerstëtzung fir d'Ukrain

Ënner der Leedung vu Frankräich a Groussbritannien kommen um Donneschdeg d'Verdeedegungsministeren aus der "Koalitioun vun de Wëllegen" zesummen. Och déi lëtzebuerger DP-Defenseministesch Yuriko Backes wäert do sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | POU
(Foto: picture alliance / ROPI | POU)

Zu Bréissel soll iwwer déi weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain diskutéiert ginn, ënner anerem wéi ee Waffestëllstand iwwerwaache kéint a wéi d’ukrainesch Arméi nach besser gestäerkt ka ginn.

Zil ass et, d’Ukrain esou staark opzestellen, datt et zu kengem neie militäresche Virstouss vu Säite vu Russland kënnt. Och eng méiglech Stationéierung vu westlechen Autoritéiten bei der ukrainescher Westgrenz gëtt diskutéiert.