D’NATO an hir Alliéiert géifen, esou wéi et am Vëlkerrecht virgesinn ass, all déi néideg militäresch an net militäresch Mëttel asetzen, fir sech ze verteidegen. Dat hunn déi 32 NATO-Memberlänner um Dënschdeg zu Bréissel an enger Deklaratioun festgehalen.
Estland hat dës Reunioun ugefrot, no dem rezente Virfall vu russesche Kampfjetten am estnesche Loftraum.
Norwegen huet Russland iwwerdeems beschëllegt, dëst Joer dräi mol hire Loftraum violéiert ze hunn. Dräi mol wieren nämlech russesch Fluch-Objeten iwwer Norwege geflunn – am Fréijoer an am Summer.
Den norwegesche Premier Jonas Gahr Störe sot, et wier net gekläert, ob et gewollt war oder ob et en Iertum gewiescht wier. Mee et wier inacceptabel.