Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mad Fox - Hush

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ NATO-Ukrain-Rot fir eng speziell Sëtzung zesummen

Wéinst russeschen Attacken op zivil Infrastruktur

NATO-Ukrain-Rot fir eng speziell Sëtzung zesummen

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet dëse Rot aberuff, fir ënner anerem iwwer d'Situatioun um Terrain an iwwer déi militäresch Besoine vun der Ukrain ze diskutéieren.

auto_stories

1 min

NATO-Aarbechtssessioun Sommet | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Hannergrond sinn déi rezent schwéier Attacken op déi ukrainesch Infrastruktur an Zivilisten. Den ukrainesche Verdeedegungsminister Rustem Umerow wäert per Videokonferenz zougeschalt sinn. 

Den NATO-Ukrain-Rot gouf zejoert um NATO-Sommet a Litauen an d'Liewe geruff, fir a Krisesituatioune séier reagéieren ze kënnen.