Radioen

On air

Trendscheif  |  Corridor - Phase IV

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ NATO-Ausseministere berode sech iwwer d'Situatioun an der Ukrain

Keng Bäitrëttsoffer an Aussiicht

NATO-Ausseministere berode sech iwwer d'Situatioun an der Ukrain

Am Kader vu Gespréicher iwwer den NATO-Ukrain-Rot gëtt och den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha um Sommet erwaart, dee bis de Mëttwoch dauere soll.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Den ukrainesche President Wolodymyr Selensyj fuerdert eng Bäitrëttsinvitatioun vun der Allianz, fir déi vu Kiew kontrolléiert Deeler vum Land géint Russland ofzesécheren. Ausserdeem fuerdert hie weiderhin d'Liwwere vun Ofwiersystemer géint déi neiste russesch Hyperschallrakéiten.

D'USA hu weider Militärhëllefe fir d'Ukrain am Wäert vu 725 Milliounen Dollar annoncéiert. Deemno sollen ënner anerem Landminnen, Rakéiten a Munitioun geliwwert ginn. Dëse Pak soll garantéieren, datt d'Ukrain sech géint déi russesch Aggressioun verdeedege kéint, esou d'Annonce vum US-amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken zu Washington.