Radioen

On air

Notturno  |  Baden Powell - Canto De Ossanha

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ National Feierdag a Frankräich mat der Arrivé vun der Olympescher Flam

Frankräich

National Feierdag a Frankräich mat der Arrivé vun der Olympescher Flam

A Frankräich ass haut Nationalfeierdag. Déi traditionell Militärparad fënnt a liicht anerer Form statt ewéi gewinnt, wéinst den Olympesche Spiller déi an 12 Deeg ufänken. Den Defilé gouf op d‘Avenue Foch verluecht, amplaz vun de Champs Elysées.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / imageBROKER | Stanislav Belicka

Et huelen och 30 Prozent manner Fousszaldoten drun deel ewéi zejoert a guer keng Panzeren. Doriwwer eraus ginn et och keng auslännesch Gäscht.

Grousse Rendez-vous gëtt et dann awer um Enn vun dëser Parad, mat der Arrivée vun der olympescher Flam an der Mëttesstonn an der Avenue Foch. Duerno gëtt se eng 60 Kilometer duerch déi franséisch Haaptstad gedroen, vun enge 540 Leefer, bis se muer den Owend op der Place de la république op hirer Endstatioun ukënnt.