arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Museksschoul Cavem bleift och no der Ouschtervakanz zou, Proffe wëllen iwwerhuelen

National

|
reading time

4 min

Museksschoul Cavem bleift och no der Ouschtervakanz zou, Proffe wëllen iwwerhuelen

D'Museksschoul Cavem wäert net kënnen elo no der Ouschtervakanz hir Dieren nees opmaachen. Realistesch wier et éischter am Hierscht d'Schoul ze relancéieren, wa bis all déi finanziell a juristesch Detailer gekläert wieren, sot de Pianos-Proff Filipe Galvao am 100,7 Interview.

reading time

4 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Déi ronn 10 Enseignantë vun der Museksschoul CAVEM, hu sech no der Faillite vun der privater Schoul an de leschte Woche konzertéiert. Si hunn zesummen decidéiert selwer een neie Projet op d’Been ze stellen. Vum fréieren Direkter Andreas Marx feelt all Spuer, hie steet nach ëmmer op der Polizei-Lëscht vu vermësste Persounen.

Am Léifsten hätten d'Enseignanten d‘Museksschoul direkt no der Ouschtervakanz nees opgemaach, mee dat wier ze vill optimistesch gewiescht, erkläert de Filipe Galvao, deen als Pianosproff fir d’Cavem geschafft huet. 

"Et geet net esou séier, wéi ee gemengt huet, elo nach virun e puer Wochen. datt d'Schoul kann elo no der Ouschtervakanz erëm opgoen. Dat war wierklech immens optimistesch, dat Ganzt. Mee nee, dat war vill méi komplex, wéi gesot. De Curateur huet missen och de System verstoen, wéi d'Schoul fonctionéiert."

Zéng Enseignantë wëllen nei Schoul grënnen 

Et feelen aktuell nach Informatiounen iwwer déi genee finanziell Situatioun an och iwwer déi zukünfteg Finanzéierung vun der Schoul. Komplex wieren och déi juristesch Demarchen, déi fir eng nei Gesellschaft déi nei Museksschoul opzemaachen, néideg wieren. 

Déi ronn 10 Enseignanten hunn deemno decidéiert ee ganz neie Projet op d’Been ze stellen, wéi de Filipe Galvao preziséiert.

"Mir wëllen dee Projet u sech selwer op d'Bee stellen. Dat heescht eng nei Schoul grënnen. Et gëtt net méi d’Cavem, et ass d'Ex-Cavem, wéi gesot, mat de Memberen an de Schüler, mee eng nei Schoul, op der selwechter Plaz."

Si wéilten d'Schoul awer am selwechten "Esprit de Famille" weiderféieren, dat wier hinne wichteg, esou de Museksproff.

Bereet Eegekapital ze investéieren

Wat d’Finanzéierung ubelaangt, sinn d’Enseignanten och bereet Eegekapital an déi zukünfteg nei Museksschoul ze investéieren.

"Mir hunn elo ënner eis schonn eng gewëssen Zomm zesummekritt, dräivéierel vun deem, wat mir am Fong mol wëllen"

D’Zil wier et 100.000 Euro ze erreechen, esou de Filipe Galvao. Dat wier de Minimum deen ee bräicht, fir d'Schoul kënnen "wéinstens korrekt" ze starten. Esou, datt een déi éischt Méint mol roueg kéint sinn an da misst ee kucken, wéi et weidergeet. 

Ideal wier et elo en Investisseur ze hunn, deen am Fong och nach d'Gestioun kéint maachen. Esou datt d'Proffen hiren Job kënne maachen an eeben nëmme Coursë ginn, an den Investisseur, deen eppes dovu kënnt, géif dann d'Gestioun iwwerhuelen. Eng eenzel Persoun an der voller Responsabilitéit wéilt een awer net méi. 

"Wichteg ass, datt mir do awer an déi Entreprise do mat kucke kënnen, wat do geschitt. Dat heescht net méi eng eenzel Persoun. Dat wëlle mir net méi."

Et hätt sech zwar ee Repreneur gemellt, mee deen hätt ee ganz anere Modell proposéiert, wou Museksproffen ee Freelance-Statut hätten an net als Salarié agestallt wieren. Dee Modell hätten d’Proffen net ugeholl.

Fir den Ament waarden si op d’Analys vum Curateur, deen d’Creancen an d’Avoire vun der Museksschoul ënner d’Lupp hëlt.

Remboursement vu Coursë méiglech 

Dozou gehéieren och Donnéeën iwwer d’Salariéen, dat heescht, wéi vill Salairen nach opstinn a wéi eng Anciennetéit si hu fir de Preavis kënnen ze berechnen.

D’Schüler:innen hu sech solidaresch gewise mat den Enseignanten. Fir déi, déi hir Coursë scho bezuelt haten, gëtt et eng Méiglechkeet déi zeréckzefroen. Allerdéngs muss och do de Curateur genuch Suen zesummekréien.