arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge: "Management geht nicht ohne Kritik"

Kultur

|
reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge: "Management geht nicht ohne Kritik"

Zënter 20 Joer gëtt et de Mudam, de Musée fir zäitgenëssesch Konscht. Net just verschidde Wierker an Ausstellungen hunn an de leschte Jore Kontroversen ausgeléist, och intern sinn et alt mol Spannunge ginn. D'Directrice Bettina Steinbrügge erkläert, firwat dat esou war.

reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Bettina Steinbrügge | © Jo Diseviscourt
D'Bettina Steinbrügge (Foto: Jo Diseviscourt)

Gëschter huet de Mudam säin 20. Gebuertsdag gefeiert. Zënter 4 Joer gëtt de Musée fir zäitgenëssesch Konscht vun der Bettina Steinbrügge geleet.

Bausse Festung, banne "mënschlech"

De Musée hat eng relativ konflikträich Virgeschicht. Haut kéint een awer vun enger “Erfolgsstory” schwätzen, mengt d’Directrice am 100,7-Interview.

“Es ist ein von Bürgern iniziertes Museum in Luxemburg.(...) Man merkt, dass es ein bürgerliches Engagement gab, und dass vielen Menschen dieses Museum am Herzen liegt.”

Grad iwwer d’Architektur ass an der Ufankszäit vill diskutéiert ginn. Entworf vum Ieoh Ming Pei ass de Mudam haut awer net méi vum Kierchbierg ewechzedenken.

Bausse Festung, banne “mënschlech”: Esou beschreift d’Bettina Steinbrügge d’Gebai. Eng Plaz mat vill natierlecher Luucht, déi sech gutt fir Installatiounen a Molerei eegent.

“Es ist ein Ort, den man verstehen muss. Wenn man ihn versteht, macht es wahnsinnig viel Spass, dort zu arbeiten.”

Intern Problemer geléist?

Net just wat d’Architektur, Ausstellungen oder Wierker ugeet gouf et Kontroversen. Och d’Féierung vum Haus ass heiansdo op Kritik gestouss. 

“Heute ist die Stimmung super”, seet dozou d’Directrice. Si betount, datt sech d’Welt an de leschten 20 Joer staark verännert huet: Gesellschaft, Visiteuren, Konscht, Muséeswelt.

Wéi si ugefaangen huet, huet sech de Musée an engem Transformatiounsprozess befonnt. Et ass ee vun enger Stëftung zu engem Etablissement public ginn.

“All das muss man managen. Und Management geht nicht ohne Kritik. Wer das nicht aushält, sollte diesen Job nicht machen.”

Zesummen un een Dësch gesat

Datt sech Leit an den neie Strukturen net méi erëmfannen an dofir de Musée verloossen, wier normal, mee och e "schmäerzhafte" Prozess, mengt d’Bettina Steinbrügge.

Déi lescht zwee Joer hätt een awer e gudden Job gemaach. Et hätt ee sech zesummen un een Dësch gesat an alles a Rou beschwat, soudatt een elo voller Optimismus an d’Zukunft kuckt.

“Wir konnten wirklech gemeinsam feiern. Das war schön.”

Bis 2030 ass nach vill ze dinn

Ufank dës Jores gouf d’Visioun Mudam 2030 virgestallt. Et handelt sech dobäi ëm e Strategieplang. Dee läit elo bei verschiddene Stakeholders, erkläert d’Bettina Steinbrügge. 

Zum Inhalt vun deem Plang gehéiert ënner anerem d’Weiderféierung vun der Digitalisatioun. Zënter zwee Deeg kann ee beispillsweis seng Ticketen och online kafen.

Dobäi kënnt eng nei Websäit, en neie System fir d’Compta an en neie System fir d’Sammlungen ze geréieren.

Step by step soll all dat ëmgesat ginn, seet d’Directrice.

11 Milliounen Euro Budget huet de Musée. “Ein Museum braucht immer mehr Geld”, seet d’Mudam-Directrice. Dofir géing een an Zukunft verstäerkt op Fundraising setzen.

Bis e Sonndeg ass nach fräien Entrée. E Freidegowend ass iwwerdeems eng grouss Party. An deem Beräich wéilt ee sech och e Ruff opbauen, esou nach d’Bettina Steinbrügge.

play_arrow Lauschteren