Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tania Brugnoni: D'Leit hunn nach ëmmer vill Virwëlz

Directrice vum Nationalmusée

Tania Brugnoni: D'Leit hunn nach ëmmer vill Virwëlz

Op den 1. Januar huet d'Tania Brugnoni d'Successioun vum Michel Polfer un der Spëtzt vum MNAHA iwwerholl. Si wëll de Virwëlz bei de Leit wakereg maachen, an se duerch d'Erziele vu Geschichten an de Musée lackelen. Duerch d'Digitaliséierung wéilt een och d'Hemmschwell, fir an de Musée ze kommen, briechen, sou d'Tania Brugnoni.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

D'Kombinatioun vun hire Management- an hiren konschthistoresche Kompetenzen géifen hir op dësem neie Posten an d'Kaarte spillen, mengt d'Directrice vum Nationalmusée. Fir am Ganzen 120 Leit a 7 Sitten ze geréieren, wieren d'Management-Kompetenzen awer vu grousser Wichtegkeet. 

Ausstellung iwwer Nelkenrevolutioun e groussen Erfolleg

E groussen Erfolleg fir den Nationalmusée war d'Ausstellung iwwer déi portugisesch Nelkenrevolution, déi bis an de Januar eran nach gelaf ass. Obwuel d'Thematik eng ganz spezifesch war, hätt een iwwer 3.400 Visiteuren ugezunn. Et wier iwwerdeems eng ganz emotional Ausstellung, well d'Leit och hir eege Geschichte mat an d'Ausstellung bruecht hätten, sou d'Tania Brugnoni. 

Neie Public duerch Digitaliséierung

Si wéilt als nei Directrice och neie Public erreechen an dem Elitismus vun der Konschtszen entgéint ze wierken. De Virwëlz bei de Leit wier nämlech nach ëmmer do, grad wéi d'Loscht, Geschichten erzielt ze kréien. Duerch d'Digitaliséierung wier et méiglech, déi Geschichten och bei d'Leit heem ze bréngen a se domat an de Musée ze lackelen. Domat wéilt si dann och d'Hemmschwell, fir an e Musée ze goen, briechen.