Souwuel de fräie Lëtzebuerger Bauereverband an de Lëtzebuerger Uebstbauereveräin melle sech zu Wuert, nodeems de Mouvement Ecologique der Landwirtschaftsministesch virgehäit huet, déi konventionell Landwirtschaft géintiwwer der Biolandwirtschaft ze privilegéieren.
D‘Lëtzebuerger Uebstbauere stelle sech an engem Schreiwes hanner d‘Ministesch a soen, et géif keng Beweiser dofir ginn, datt et an der konventioneller Landwirtschaft keng Biodiversitéit géif ginn, esou wéi de Mouveco dat behaapt.
De fräie Lëtzebuerger Bauereverband fënnt iwwerdeems, datt et vereinfacht wier, beim Ëmweltschutz just op biologesch Liewensmëttelproduktioun ze setzen.