Radioen

On air

9 bis 1  |  Foals - My Number

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Moskau huet Wafferou ugekënnegt

RUSSLAND

Moskau huet Wafferou ugekënnegt

De russesche President Wladimir Putin huet fir d’Feierdeeg fir den 80. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich eng Wafferou vum 8. bis den 11. Mee am Ukrain-Krich ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Kreml (Archiv) | © Flickr
Kreml (Archiv) (Foto: Flickr)

Dat huet de Kreml um Méindeg op senger Websäit matgedeelt. 

Virdrun hat de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow gesot, datt déi ukrainesch Gebitter Krim, Luhansk, Donezk, Saporischschja a Cherson international als russesch missten unerkannt ginn.