Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Moskau confirméiert Kämpf an der russescher Grenzregioun Kursk

Krich an der Ukrain

Moskau confirméiert Kämpf an der russescher Grenzregioun Kursk

Den Dënschdeg nach hat et vum russesche Verdeedegungsministère geheescht, datt d‘Grenz net duerchbrach gi wier. Elo heescht et, een déift Andréngen op russeschen Territoire wier verhënnert ginn. Dat nodeems d‘Ukrained‘Regioun ugegraff huet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

De russesche President huet Kiew dowéinst op en neits Provokatioun virgehäit. D‘Ukrain hätt mat Rakéiten och op zivil Ziler a Wunnhaiser geschoss, esou de Wladimir Putin.

Dausende Leit wieren aus de betraffenen Uertschafte geflücht, esou d‘russesch Autoritéiten. Vu Kiew gëtt et fir den Ament keng offiziell Ausso. D‘Ukrain huet an der Ofwier vum russeschen Ugrëffskrich ëmmer erëm och Ziler a Russland ugegraff.