D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg huet d'Iddi zesumme mat ënnert anerem den Ateliers Kraizbierg an dem SIVEC entwéckelt, erkläert d’Julie Garlinskas vun der Ëmweltberodung.
Eng besser Ëmwelt duerch recycléiertem Material
Mat deem Projet solle Ressourcë geschount ginn, andeems ee ganz konkret Saachen net méi ewech geheit, betount d’Julie Garlinskas vun der Ëmweltberodung.
"Mir stelle Sammelstellen an de Schoulen op, wou d'Schoulmaterial dra geluecht gëtt, amplaz datt et fortgeschmaass gëtt. Een zweete Volet ass dee vun der Sensibiliséierung. Dowéinst kënnt d'Superdreckskëscht fir an de Schoule Coursen ze halen iwwer d’Économie circulaire."
Et géing och ëm d'Theema Recyclage a Weiderverwäertung an deem Kontext goen, preziséiert d’Julie Garlinskas.
Recycléiert Material gëtt gratis verdeelt
An dësem Projet ass d'Material gratis an d’Enseignantë sollen d’Schoulmaterial fir hir Schüler selwer siche goen, D’Zil ass et, d’Mentalitéiten ze änneren, erkläert d’Julie Garlinskas.
"Datt net all Kand nei Faarwen, Stëfter oder eng Trousse soll kafen. Eng Schachtel fir d'Klass kéint jo och duergoen, also eng Këscht fir d'Klass."
Laangfristegen Impakt duerch Sensibiliséierung
Dee Projet soll sech an Zukunft selwer droen, dowéinst gëtt an de Schoulen driwwer diskutéiert.
An der Klass géif mat engem Film sensibiliséiert ginn. Een zweeten Aspekt vum Projet ass d’Inklusioun, wëll eben dat Material vu Läit zesummegesat a gebotzt gëtt, déi ee physeschen Handicap hunn. Do sollen awer och nach weider Mënsche mat enger Behënnerung an hir Vereenegungen drun Deel kënnen huelen,
D'Zil vum Projet "Mol nach emol" ass et, datt d’Schoulen déi Projete selwer dono geréieren. Gemengt wieren éischter Lycéeën an Institutiounen, déi dat kéinte selwer an d’Weeër leeden.