D’Zil vu Mikrofinanzprojeten ass et – vereinfacht gesot – an deene Länner Suen ze verléine, wou et Fong net vill Sue ginn. Esou kënnen zum Beispill Familljen, déi kee grousst Akommes hunn, mat engem Mikrokredit finanziell op eegene Been stoen. Dat soll och déi ekonomesch Aktivitéit ënnerstëtzen.
“Inclusiv Finance 25”
De Klimawandel géif eng ëmmer méi grouss Roll spillen, seet de Christoph Pausch. Et géif een d’Konsequenze vum Klimawandel schonn zu Lëtzebuerg spiere mat Iwwerschwemmungen zum Beispill awer nach vill méi betraff, wieren d’Mënschen aus dem globale Süden.
“Die haben ja ganz adere Dürren und Überschwemmungen oder jetzt zum Beispiel der Taifun in den Philippinen, wo über eine Million Menschen flüchten mussten.”
Et misst sech also un d’Situatioun ugepasst ginn. Well wann enzwousch eng Naturkatastrophe kënnt, wou Mikrokreditter vergi goufen, dann hätt d’Mikrofinanzistitutioun e Problem, esou de Christoph Pausch.
Et bräicht inklusiv Finanzinstrumenter, déi d’Resilienz vun de Mënschen am globale Süde géife stäerken. Dat zum Beispill duerch Erspuernesser oder Assurancen.