Et wier elo just eng Confirmatioun. Mee d’Zil wier technesch erreechbar, seet den Direkter vun der FEDIL, der Industriellefederatioun de René Winkin. Et bräicht een awer Infrastrukturen ewéi ee Waasserstoffreseau virun Allem fir den Transport, grad ewéi ee staarke Stroumreseau.
A verschiddenen Industrië kéint een de Gas duerch Stroum ersetzen. Fir aner Industrien ewéi d’Glas an d’Zementproduktioun geet dat net wëll den CO2 wärend dem Produktiounsverfahren fräigelooss gëtt.
"Wou éischter dann d'Fro sech stellt, ob een eng Kéier do op carbon capture, also CO2 muss opfänke bei der Zementindustrie, wou d'Hallschent oder iwwert d'Hallschent vun den Emissiounen emol guer net aus dem Carburant kommen, mee aus der Matière première. Do ginn et eigentlech net vill aner Léisungen. An dat ass ee vun deene Secteuren, wou mer, also wou mer nach d'éischt Infrastruktur brauchen a wou en attendant eigentlech déi Missioune mat allen Efforten, déi kënne gemaach, trotzdeem hei bleiwen."
Dee Sujet misst een op europäeschem Niveau am Ae behalen a kucken, ob déi Ziler esou iwwerhaapt kennen emgesat ginn. Oder ob et net Aktivitéite ginn, déi een do spezifesch consideréiere misst, esou nach de René Winkin.